Agenda search

Category
Keyword
« »
DiLuMaMeJeVeSa
 01
020304050607
08
09101112131415
16171819202122
23242526272829

Agenda

2020
02
8
15.-

MooFest 2020

Concert, Festival

 

Ewéi all Joer invitéiert d’MooFest erëm op en Owend gefëllt mat Bands vun heiheem, Bands, déi iwwert d’Heiheem an der Landessprooch sangen an awer och Gäscht aus der Groussregioun. Dobäi gëtt vill Wäert op en diversen an ofwiesslungsräiche Programm geluecht, dee schlussendlech och enger gudder Saach zugonschten ass. Och dës Kéier ginn all d’Recetten an Gagen der Fondation Thierry van Werveke gespent, déi sech änlech dem Moofest fir e Mateneen, fir en Austausch a fir de Support vun jonker Konscht a Musek and eng kulturell Diversitéit asetzt. 

Jonk Museker a Bands kënne sech nach fir e Slot um Festival mellen fir d’Méiglechkeet ze hunn, op enger professioneller Bün am grousse Kader vun der Rockhal hiert Talent an hier Konscht ze präsentéieren.

 

D'Kandidature ginn direkt un den Organisateur:
https://mr.rockhal.lu/index.php?id=1829

 

Coorganiséiert mat der Ënnerstëtzung vum Rocklab.

 

 

Rockhal Club

Samschdes, den 8. Februar 2020

Dieren: 19H00

Show: 19H30

Oweskeess: 15€