Agenda search

Category
Keyword
« Novembre 2018 »
DiLuMaMeJeVeSa
 010203
040506070809
10
11121314
15
16
17
18192021222324
2526
27
282930 

Agenda

2018
10
5
10.-

Maka MC - "Chantier" Release

Concert

Et ass alt erëm sou wäit! No enger Dose Videoclips a Singles an nom alleréischte Projet am Joer 2013 mat der EP „Maachen Kengem Onrecht, souwuel wéi no sengem éischten Album „Dialog aus dem Joer 2016 gëtt et erëm héich Zäit dass d'Lëtzebuerger Vollek och eng drëtte Kéier neie Sound vum Reimakrobat aus dem „Véier-Aacht“, an d'Ouere geballert krit. Freides, den 5. Oktober 2018 gëtt dem Maka MC säin zweete Long Player, mam Titel „Chantier“, an der Rockhal verëffentlecht.

 

 

 

 

En 3. Disk, dee rëm vun der Läbbel-Famill produzéiert an ënnerstëtzt ginn ass! Op der neier Plack gëtt natierlech erëm alles krass anescht gemaach. Maacht Iech also gefaasst op eng Rees duerch dem Maka säin alldeegleche Chantier am Kapp, wou hien alt nees säi ganzt Häerz, seng Séil a seng Gedanken dem Vollek ausschëtt. Natierlech gëtt de Maka MC och erëm lyresch begleet an dat vum David Fluit, Dany Le Loup a Jacky Under... Si hunn och um „Chantier“ hire Pefferkär hannerlooss. D'Auswiel vun de Beats/Instrumentals ass an enker Zesummenaarbecht mat de beschte Beatmaker aus dem Land geschitt, wéi dem Corbi (De Läb), Wispo, Slunnes, Crux Cutz, 8Cee & DJ Blueprint aka This Is Tomorrow. An et sinn och eng Partie Live-Museker op der Plack vertrueden, wéi ënner villen aneren de Benoit Martiny a René Macri vun De Läb. Dozou muss een nach erwähnen, dass all Lidd vum Eric „Slunnes“ Slunecko am Läbbel Studio aka Läb Keller opgeholl, gemixt a gemastert gouf. De Cover gouf vum Alphonse Hatz geknipst a vum Alain Welter beaarbecht.

 

Op der Release-Party wäerten och erëm eng rei Invitée vertruede sinn, wéi den Don Gio, den Tommy Lux & StA, den DJ Funkstarr an nach e puer Special Guests. Loosst Iech dat also net entgoen a kommt de 5. Oktober 2018 an d'Rockhal den neien Opus vum Maka MC senger Saga zelebréieren.

 

 

Am Floor vun der Rockhal

Freides, 5 Oktober 2018

Doors: 20h00

Show: 20h30

Entrée: 10.- mat Album