Agenda search

Category
Keyword
« Mai 2018 »
DiLuMaMeJeVeSa
 01020304
05
060708
09
1011
12
1314
15
16
17
18
19
20212223242526
27
29
30
31 

Agenda

2018
03
16
15/20.-

De Läb Orchästra

Concert

Loosst ons feieren: „De Läb“ gëtt 10 Joer al! A fir dat ze zelebréiere wäerten „di fäin Drecksäck aus dem Minett“ eppes ganz Grousses fir är Trommelfeller preparéieren. No enger ganzer Dekad mat 3 Studioalben, 2 EP'en, Singles an de Radioen an honnerte vu Bühnen déi se zum Brenne bruet hunn, gëtt et Zäit fir déi nächst Aventure, et gëtt Zäit fir „De Läb Orchästra“.

 

 

Rieds geet souzesoe vun engem „Best of“ vun hire beschte Stécker, begleet vun engem Orchester, deen aus der Crème de la Crème vun onse lokale Museker besteet, mat ville Surprisen an Invitéen. Fir dës eemoleg Occasioun ze feieren, hunn d'Läboranten och nach eng nei EP mat am Gepäck dobäi. Maacht Iech also op eng massiv Show gefaasst an op en eenzegaartegen Ausfluch duerch d'Geschicht vun dëser scho bal kultverdächteger Hip Hop Live-Band.

 

Als Opener gëtt et dann eng De Läbbel Session mam MAKA MC, BC ONE, EDEL WEIS, DON GIO, HOTROX & DJ FUNKSTARR an HEADMASTA (live Beat-Set).

 

De Läb Orchästra Line-Up

 

Rap – « Corbi » Gilles

Rap – David « Fluit » Galassi

DJ –  Ken « Nikkel K » Nnganyadi

Bass – René Macri

Drums – Benoit Martiny

Vocals – Claire Parsons

Vocals – Priscila Da Costa

Keys - Michel Lopes

Guitar – Remo Cavallini

2nd Bass – Yves Van Oekel

Percussionist – Boris Dinev

Vibraphone/percussion – Mich Mootz

Saxophone – Georges Sadeler

Trombone – Simone Patz

Trumpet – Timo Görlich

Bass-Klarinette – Michel Pilz

Sousaphone – Tom Braquet

Braatsch - Renata Van Der Vyver

Violin - Aude Miller

Cello - Anemie Osborne

 

Am Club vun der Rockhal

16. Mäerz 2018

Dieren: 20:00

Start: 20:30

Virverkaf: 15 € + Käschten

Oweskees: 20 €

(den Album ass am Entréespräis mat dran)

 

 

delabbel.lu