Agenda search

Category
Keyword
« Septembre 2019 »
DiLuMaMeJeVeSa
01020304050607
08091011121314
151617
18
20
21
2223242526
27
28
29
30 

Agenda

2019
09
27
10.-

T the Boss - Album Release

Concert

Et ass endlech erëm sou wäit! Den T the Boss kënnt Freides den 27. September an d’Rockhal fir iech säin neien Album virzestellen! Méi Infoen an di aktuellste News ginn et och op Facebook.

 

 

Den T the Boss ass e Lëtzebuerger Kënschtler deen a senger Mammesprooch rappt. Aktiv zënter 2001 huet hie bis 2010 zwou Demoen, e puer Mixtapes an eng EP erausbruecht. Säin éischte Soloalbum “Rap, Homies & Famill” ass 2011 erauskomm, 2012 huet hien a Kollaboratioun mam StA den Album “Teorie 2012” op de Maart bruecht an 2014 ass dem T säin drëtte Studio Album “T3000” erauskomm - e Schrëtt a Richtung vu méi erwuessenem mä ëmmer nach technesch a musikalesch komplexem Rap. Am Oktober 2015 huet den T eng Best-Of CD „Hip-Hop for Life 2“ erausbruecht, ier 2016 säi véierten Album “Ëmmer nach ech” op de Maart komm ass. No enger klenger Paus huet den T the Boss Enn 2018 erëm vu sëch héiere gelooss mam Clip “Kämpf”, zum Thema Suizid.
2019 ass hie lo prett fir nei musikalesch Erausfuerderungen, ugefaange mam Lidd “Keng Zäit”.

 

Säi fënnefte Studio Album mam Titel "De Papp" bréngt op de Punkt wat den T schon säit baal 20 Joer mécht. Mol méi perséinlech a nodenklech, mol mat mei Battlerap, mee ëmmer mam Haerz op der Zong. An dobäi ouni ze vergiesse musikalesch mat der Zäit ze goen.

 

An de leschte Joren huet hien uechter d’Land iwwer 100 Liveshows gespillt, op Plaze wéi an der Rockhal, dem Atelier, der Kulturfabrik, der Aaler Seeërei Dikrech oder op Festivals wéi z.B. dem Food For Your Senses oder der Fête de la Musique.

 

Support acts vun der Release-Show de 27. September:

➡️Maka Mc & BC One vun De Läbbel
➡️Ragga vun Stayfou

Warm-up by Dirty-e Freshfingaz

 

Am Club vun der Rockhal

Freides, 27. September 2019

Doors: 20h00

Concert: 20h30

Entrée: 10.-