Agenda search

Category

SING! - Young Voices Ensemble

Maach mat a gëff Deel vum neien super flotten SING!-Ensembel! Zesumme mat aneren Jonken entdecks du deng Stëmm, léiers cool an aktuell Songs an amuséiers dech dobäi!

 

Séngs du gären? Du bass tëschent 10 a 14 Joer al? Komm a probéier et aus andeems du an déi éischt Prouf eraluusse kënns! Déi éischt Prouf ass den 30. September um 14:30.

 

Beim dësem Gesangsgrupp geet et virun allem ëm de Spaass an d'Loscht um Sangen. Et geet drëm d'Freed un der Musek ze deelen an d'Wäertschätzung vun eegenen musikaleschen Erfarungen ze fërderen.

 

Dëse reegelméissegen Gesangs-Workshop riicht sech u jiddereen tëschent 10 an 14 Joer, et brauch ee keng musikalesch Kenntnisser ze hunn oder Gesangs-Erfarung, mee just Loscht, zesumme mat aneren Jonken ze sangen.

  

A 7 Seancen ëmmer Donneschdes vu 14h30-16h00 léieren d'Participante modern an aktuell Lidder kennen, dobäi sinn stilistesch keng Grenze gesat a fir d'Auswiel vun de Songs gëtt sech och nom Interesse vun de Participante geriicht.

 

Daten:

30.09. 👉 Schnupperdag 14h30-16h00

14.10. 👉 14h30-16h00

21.10. 👉 14h30-16h00

28.10. 👉 14h30-16h00

18.11. 👉 14h30-16h00

25.11. 👉 14h30-16h00

09.12. 👉 Lescht Prouf an Optrëtt 14h30-16h30

 

Käschten: 35,-€

 

Méi Infos & Kontakt : Monique Hoffmann, rocklab@rockhal.lu

 

D'Workshop-Serie gëtt vun der éisträichescher Gesangsexpertin a Sängerin Theresia Birngruber geleet an a Collaboratioun mam INECC Luxembourg (Institut européen de chant choral) organiséiert.